MuselEvents

Ween mir sinn

MuselEvents ass e Grupp vu jonken a motivéierte Leit, déi sech engagéieren, Eventer an der Musel Regioun ze organiséieren.

Entstan ass MuselEvents 2023, wei e Grupp vu Kolleegen d'Iddi hat, mol erëm bësse Liewen an d'Musel Regioun ze bréngen. Schonn am éischte Joer goufen e Beerpongtournoi, e Quizowend an net ze läscht och eist Haaptevenement, de Winter Clubbing, zu Wuermer mat groussem Erfolleg duerchgefouert. An den nächste Jore wäerten do nach vill spannend Eventer mat flotte Momenter derbäi kommen.

De Comité mat sengen engagéierte Memberen zielt am Moment ongeféier 50 Leit. Nei Membere sinn natierlech ëmmer gäre wëllkomm an dir kennt iech gäre bei eis mellen.

Mir freeën eis drop, beim nächsten Event erëm mat Iech zesummen eng flott Zäit ze verbréngen.

All d'Informatiounen zu eisen nächsten Eventer fann Dir op dëser Websäit an op eisem Social Media.

Events

Den 30. an den 31. Januar ass den “Wine Lights Enjoy. En Treppeltour mat Wäin-Degustatioun, owes duerch déi spektakulär beliichte Wéngerte vun der Letzebuerger Musel tëschent Wormer an Ohn. En eemolegt Erliefnis fir Jonk an Al!

Muselevents ass dëst Keier och dobei!Dir fannt eis um Treppeltour, wou dir matt gudder Stemmung encadreiert gidd.

Dir kritt bei eis Chili con Carne, Kniddelen matt Moschtersauce, Glühwain, Glühgin, Glühcider, Softs an Muselschlupp.

Mir freen eis op ären Besuch🍷😌