MuselEvents

Ween mir sinn

MuselEvents ass e Grupp vu jonken a motivéierte Leit, déi sech engagéieren, Eventer an der Musel Regioun ze organiséieren.

Entstan ass MuselEvents 2023, wei e Grupp vu Kolleegen d'Iddi hat, mol erëm bësse Liewen an d'Musel Regioun ze bréngen. Schonn am éischte Joer goufen e Beerpongtournoi, e Quizowend an net ze läscht och eist Haaptevenement, de Winter Clubbing, zu Wuermer mat groussem Erfolleg duerchgefouert. An den nächste Jore wäerten do nach vill spannend Eventer mat flotte Momenter derbäi kommen.

De Comité mat sengen engagéierte Memberen zielt am Moment ongeféier 50 Leit. Nei Membere sinn natierlech ëmmer gäre wëllkomm an dir kennt iech gäre bei eis mellen.

Mir freeën eis drop, beim nächsten Event erëm mat Iech zesummen eng flott Zäit ze verbréngen.

All d'Informatiounen zu eisen nächsten Eventer fann Dir op dëser Websäit an op eisem Social Media.

Events

Aller guten Dinge sind 2 oder wéi ass dat? Egal, beim Muselevents Quizowend stëmmt et op allefall!

E Freideg, den 30. Oktober luede mir iech herzlech op eisen zweete Quizowend dës Joer am Centre Culturel zu Ohn an! Fir Gedrénks ass beschtens gesuergt a fir z'iessen kënne mer iech eng Rei Bréidecher, Rieslingspaschtéten a Kuch ubidden. Et gi flott Präisser ze gewannen also maacht iech bäi a mellt iech hei un. D'Unzuel vun den Teams ass begrenzt! D'Diere ginn um 19:00 op an de Quiz start tëscht 19:30 an 20:00

Umelle kënnt dir iech iwwer follgende Link 🔗